Radioen

On air

Notturno  |  Here We Go Magic - Make Up Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Netzwierk kënnegt weltwäit 400 Klima-Demonstratiounen un

Klimaprotester

Netzwierk kënnegt weltwäit 400 Klima-Demonstratiounen un

Dës Woch gëtt et weltwäit Klima-Protester: Vun e Freideg bis e Sonndeg huet Netzwierk „Climate Action“ 400 Klima-Demonstratioune weltwäit ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Et gëtt mat iwwer enger Millioun Demonstrante gerechent. Haaptfuerderung ass, esou séier ewéi méiglech aus de fossillen Energien, Pëtrol, Kuel a Gas eraus ze klammen. Déi historesch Mobiliséierung riicht sech och un de Klima Sommet den 20. September zu New York.

 Den UNO Generalsekretär Antonio Guterres, deen op deem Sommet ass, ass d‘lescht Woch op e Neits méi Ambitiounen am Kampf géint de Klimawandel gefuerdert, fir, wéi hie sot ee „katastrophale Klimachaos“ nach kënnen ze verhënneren.