Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Netanjahu grondsätzlech fir eng Verlängerung vun der Waffepaus

Noen Osten

Netanjahu grondsätzlech fir eng Verlängerung vun der Waffepaus

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet ugedeit, datt hie grondsätzlech bereet ass, déi aktuell Waffepaus mat der Hamas iwwer véier Deeg eraus ze verlängeren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
(Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch)

Den Accord tëscht Israel an der Hamas gesäit vir, d‘Waffepaus ëm all Kéier een Dag ze verlängeren, fir all weider zéng Geiselen, déi fräigelooss ginn.

Et wier gutt, wann dat géif geschéien, sot de Benjamin Netanjahu no engem Gespréich mam US-President Joe Biden. Hien huet awer och betount, Israel géif no der Waffepaus weider kämpfen, fir all seng Krich-Ziler ze erreechen.

Gëschter waren an der Gazasträif 17 weider Geisele vun der Hamas fräigelooss ginn. Am Géigenzuch huet Israel eng weider 39 palestinensesch Prisonéier fräigelooss.

Wärend der Waffepaus konnt och weider humanitär Hëllef an d‘Gazasträif bruecht ginn.