D‘UNRWA wier komplett vum Hamas ënnerwandert, esou den Netanjahu. Nodeems bekannt gi war, datt vill Mataarbechter Membere vun der Terrororganisatioun Hamas sinn, hunn eng ganz Rei vu Länner hir Finanzéierung gestoppt.
Dat amerikanescht Militär huet eegenen Aussoen no op en neits eng Rakéit vun den Huthi-Rebellen am Jemen zerstéiert. D‘Loftofwier-Rakéit wier prett gewiescht, fir ze starten. Si wier eng direkt Gefor fir déi amerikanesch Fliger gewiescht.
Iwwerdeems gouf am Roude Mier op en neits een Handelsschëff vun enger Rakéit getraff. Weider Detailer feelen nach.