Den UNO-Generalsekretär António Guterres huet iwwerdeems fir e Méindeg Moien zu enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Mataarbechter vun der UNO opgeruff. Zanter dem Ufank vum Krich wieren 99 vun hire Mataarbechter als Konsequenz vun israeeleschen Attacken an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm, huet ee Spriecher vun de Vereenten Natioune matgedeelt.
Netanjahu accordéiert deeglech Waffepausen
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu gëtt den Accord, datt Ziviliste sécher aus der Kampfregioun an der Gazasträif kënne flüchten. Parallel géif de Kampf géingt d‘Hamas awer weider goen, esou den Netanjahu an engem Interview mat Fox News.
Gëschter um Donneschden haten d‘USA matgedeelt, Israel hätt acceptéiert, datt et pro Dag zu eng véier Stonne laanger humanitär Paus vun de Gefechter soll kommen. Ee Waffestëllstand gëtt et awer net. Den Netanjahu léist deen net zou, bis all israeelesch Geisele vun der Hamas fräigelooss gi sinn.