Déi israeelesch Arméi huet gemellt, datt si en Hamas-Tunnel ronderëm d‘Spidol fräigeluecht hunn.
Gëschter ass weider humanitär Hëllef an d‘Gazasträif era komm. Dat mat 144 Camionen.
"Et geléngt eis net d‘Zuel vun den zivillen Affer ze miniméieren", dat sot den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu gëschter an engem Interview mat CBS. Wuel wieren d‘Aktioune vun der israeelescher Arméi op e Minimum vun Affer ausgeluecht. Et hätt een eeben net ëmmer Succès. Mee den Dout vun all Zivilist wier eng Tragedie, esou den Netanjahu.