US Medien an d‘Noriichtenagence Reuters haten de Moie gemellt, Ägypten kéint d‘Grenz mat der Gazasträif haut opmaachen. Si ass bis elo awer nach ëmmer zou. Dausende Leit hu sech do versammelt. Si hoffen an Ägypten kënnen ze flüchte virun där erwaarter Buedemoffensiv vun Israel.
Der israeelescher Arméi no wieren nom Evakuatiouns-Opruff vun Israel bis elo eng 600.000 Palestinenser aus dem Norden an de Süde vun der Gazasträif geflücht.
D‘UNO huet virun enger humanitärer Katastroph gewarnt, et géif u Waasser, Liewensmëttel, Sprit a Medezin feelen. Och d’Spideeler an der Gazasträit wiere geschwënn net méi an der Lag, Dausende Patienten a Blesséierter ze behandelen.
Iwwerdeems huet d‘Situatioun un der israeelescher Grenz mam Libanon sech zougespëtzt. Israel huet do 28 israeelesch Uertschaften evakuéiert. An de leschten Deeg gouf et un der israeelesch-libanesescher Grenz ëmmer nees sporadesch Zesummestéiss tëscht israeeleschen Zaldoten a Membere vun der Hamas an hirem libaneeseschen Alliéierten Hisbollah.