Zu Lëtzebuerg schéngt d’Situatioun bei de Biobauere fir de Moment awer nach entspaant.
Schwiereg Situatioun um Eeër-Marché
Allgemeng wier d’Situatioun um Eeër-Marché immens komplizéiert, erkläert de Jos Houtmann vu Bio-OVO, der Bio-Eeërproduzentegemeinschaft aus der Groussregioun. Uechter Europa géifen d’Bestänn un Hénger méi kleng ginn, donieft wiere Kränkten am Ëmlaf an da wier och déi héich Demande e Problem.
"Normalerweis sinn ëmmer Eeër ze haben, och am Bio-Beräich. Et kënnt och vir, datt mir zum Beispill hei zu Lëtzebuerg e Stall Hénger ofschafe fir de Schneider ze setzen an da kafe mir Eeër bäi an der Wallonie. Fir dat ze kompenséieren, dee Moment, wou déi Hénger net do sinn, fir awer eis Clienten ze bedéngen. Et si keng Eeër ze haben, momentan. Et si keng Eeër um fräie Marché."
Well Lëtzebuerg sech just zu Ronn 10 Prozent duerch Eeër vu Lëtzebuerger Produzente versuergt, wier een awer drop ugewisen Eeër aus dem Ausland ze kréien. D’Situatioun wier den Ament esou komplizéiert, datt et och schwéier virauszegesi wier, wéi et géif weidergoen, seet de Jos Houtmann.
"Zum Beispill och soubal mir en Enkpass hunn an de Liwwerungen, da bestellen d'Clientë méi. Wat jo verständlech ass, well de Client weess, datt de Fournisseur eng Règle proportionelle uwennt bei de Bestellungen, wann net genuch Wuer do ass. Da bestellt de Client méi an da kritt een als Fournisseur iwwerhaapt kee Bild méi vun der Realitéit um Marché. Well wann ee géif liwweren, géife si vläicht manner bestellen."
Situatioun bei de Bioproduzenten net esou dramatesch
D’Situatioun vun de Bio-Eeër-Produzenten zu Lëtzebuerg wier awer den Ament stabil. D’Betriber wiere rentabel, esou nach de Jos Houtmann. Dee Constat confirméiert och d’Lynn Jemming.
Si geréiert e Bio-Familljebetrib zu Koler, am Weste vum Land. Déi iwwer 1.000 Hénger, déi si an zwee verschiddene Ställ hält, produzéieren all Joer ronn 200.000 Eeër. Si seet mat hirem Betrib géif et gutt lafen. An dat léich dorun, datt si hir Produite selwer vermaart - dat heescht direkt am Kontakt mat de Clientë steet an net iwwer Händler, wéi zum Beispill Supermarchéen, fiert.
"Mir sinn an der Gesellschaft vu Bio-OVO mat dran. Si ënnerstëtzen eis do, wou et nëmme geet. Dat heescht, falls emol eng Kéier e klengen Iwwerschoss ass un Eeër, huele si mir en of. An ech mengen ech sinn do net un iergendwellech Zuele gebonnen oder Quantitéiten, déi ech muss liwweren. An esou hunn ech de gréisste Virdeel, datt ech ka mech selwer mat menger Direktvermarktung entwéckelen."
Méi Demande heescht net gläich méi Produktioun
Doduerch datt d’Demande no Eeër an d’Luucht gaangen ass, géif d'Lynn Jemming momentan manner iwwerschësseg Eeër u Bio-OVO ofginn. Un der direkter Vente géif si dann och méi verdéngen.
Méi Demande heescht awer net automatesch méi Produktioun, erkläert d’Lynn Jemming. En Hong kéint just all 26 Stonnen en Ee leeën. D’Produktioun wier also natierlech begrenzt. Deen eenzege Wee méi ze produzéieren, wier méi Hénger ze halen. Dat ass beim Lynn Jemming den Ament awer net geplangt.
"Fir mech perséinlech ass et ëmmer domadder ofzeweien, wéi vill s du selwer perséinlech nach packs. An da soll een halt fir d'éischt mol sécherlech dat uerdentlech maachen, wat een huet. Well schlussendlech kënnt et net drop un, wéi vill een huet, mee wat een doraus mécht."
D'Leit hunn e spezifesche Goût, wat Eeër ugeet
Elo kuerz virun Ouschtere wier d’Demande no Eeër och bei hinnen nach méi grouss, wéi dat souwisou schonn de Fall ass. Mee d’Leit géifen net no egal wat fir Eeër froen. Virun Ouschtere wiere virun allem wäiss Eeër vill gefrot, well déi sech besser fierwe loosse wéi déi brong. Där Demande konnt d’Lynn Jemming awer net nokommen.
"Mir kënnen dat leider Gottes net beaflossen. D'Fuerw vun der Schuel ass duerch d'Rassen definéiert a mir kënnen net fir d'Period vun Ouschteren d'Fuerw vun den Eeër änneren."
Zu Lëtzebuerg géif et allgemeng och wéineg wäiss Eeër ginn. D’Lynn Jemming mengt, datt dat virun allem doru läit, datt d’Ee am Kapp vun de Lëtzebuerger éischter brong ass. Et wier also eng Saach vun der Gewunnecht.
Kränkte maache Suergen
Obschonns hire Betrib den Ament gutt géif lafen, ass d’Lynn Jemming awer net ouni Suergen. Nieft der Vullegripp, wier den Ament och d’Newcastle-Kränkt an Europa am Ëmlaf. Déi wier nach méi ustiechend wéi d’Vullegripp.
"Oft mat deene Krankheeten hues du et net selwer an der Hand. Also déi Krankheeten, déi gi vill iwwer d'Vigel weider, si ginn awer och iwwer den direkte Kontakt mam Mënsch weider, duerch iergend e Camion kann et weidergoen, dee bei dech eppes liwwert. Jo, du muss halt do immens oppassen."
An hiren Héngerställ géife just si an hire Papp eragoen, fir de Risiko vun enger Kontaminatioun esou kleng wéi méiglech ze halen, erkläert d’Lynn Jemming.
Well de Risiko vun der Vullegripp den Ament zu Lëtzebuerg méi kleng ass, kënnen hir Hénger zënter e puer Wochen och nees fräi op der Wiss ronderëm lafen. Trotzdeem wëllt d’Lynn Jemming weider oppassen, fir datt si och an Zukunft der grousser Demande vun hire Clientë kann nokommen.