Radioen

On air

Notturno  |  Judee Sill - There's a Rugged Road

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Net jiddereen deen e Recht op finanziell Hëllef huet freet se och un

Allocation de vie chère an Energieprimm

Net jiddereen deen e Recht op finanziell Hëllef huet freet se och un

D’Allocation de vie chère, d’Wunnhëllef, an och aner sozial Hëllefe goufen agesat fir d’Aarmut ze bekämpfen. Allerdéngs ginn et eng Partie Stéit déi ee Recht drop hätte mee keng Demande areechen.

auto_stories

2 min

© Bigstock / 88studio
(Foto: Bigstock / 88studio)

Em wéi vill Stéit et sech handelt ass fir den Ament net gewosst. Fir dat erauszefanne misst de Fond national de Solidarité een Abléck hunn an d’Gesamt-Revenue vun de Stéit. Dat wier juristesch awer net méiglech.

D’Allocation de vie chère an d’Energieprimm ginn nämlech op Grond vum Gesamt-Akommes, an der Zesummesetzung vum Stot berechent. An do wier et schwiereg fir d’Leit proaktiv unzeschreiwen. Den nationale Solidaritéitsfong huet awer eng Rei Initiativen ergraff fir d’Informatioun ze verbesseren, erkläert de President vum Fond national de solidarité, de Pierre Lammar.

Um Internetsite vum FNS fënnt een och ee Video an eng Rechemaschinn. Wéinst der Sproochebarrière huet den FNS nei Brochuren erausginn.

D’allocation de vie chère an d’Energieprimm zesummegerechent leien tëscht 1.850 Euro fir eng Eenzelpersoun an 3.700 Euro d’Joer fir gréisser Famillen. Fir ee Recht drop ze hunn, muss een zanter engem Joer am Land legal liewen. Bis zu engem Revenu vun 2.400 Euro de Mount fir Eenzelpersounen a 5.750 Euro fir fënnef Persoune kritt een d’Allocation de vie Chère ganz, bei der Energieprimm dierf de Revenu 25 % méi héich sinn.

De Fond national de solidarité krut dëst Joer eng 34.000 Demanden agereecht. Vum éischte Januar u kann een déi nächst ufroen. Formulairë kann een an den Office-socialen oder op Guichet.lu a beim Solidaritéitsfong fannen. Bei Bedarf kann een och beim FNS eng Hëllef kréien. 

Lauschterenplay_arrow