Radioen

On air

9 bis 1  |  Nao Yoshioka - Free as a Bird feat. Jarreau Vandal

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neiséiland: Nei Regierung ass vereedegt

No schwierege Verhandlungen

Neiséiland: Nei Regierung ass vereedegt

A Neiséiland gouf déi nei konservativ Regierung ënnert der Leedung vum Christopher Luxon vereedegt. Den 53-Joer alen neie Premier huet virum Commonwealth Kinnek Charles III. geschwuer a säin Eed ënnerschriwwen.

auto_stories

1 min

Seng konservativ National Party hat d‘Parlamentswal Mëtt Oktober gewonnen. Si ass awer op eng Koalitioun mat der rietsliberaler ACT a mat der immigratiouns-feindlecher NZ First ugewisen. D‘Koalitioun war no schwierege Verhandlungen eréischt Enn der leschter Woch zu staane komm.