search

/ Neie Plan d'études fir de Fondamental stëmmt den Direkter vum SCRIPT zouversiichtlech

Educatioun

|
headphones

1 min

Neie Plan d'études fir de Fondamental stëmmt den Direkter vum SCRIPT zouversiichtlech

Den neie Plan d'études fir de Fondamental gesäit ënner anerem fir, datt siwen nei transversal Theeme vum Cycle 2 bis 4 behandelt musse ginn. Dozou gehéiere Sujete wéi Kultur, Gesondheet, Mënscherechter a sexuell an affektiv Erzéiung.

headphones

1 min

© Bigstock / Wavebreak Media
(Foto: Bigstock / Wavebreak Media)

Eng Fro an der Kommissioun war, ob all déi siwen transversal Sujeten an alle Cycle behandelt musse ginn. Dem Radio 100,7 géintiwwer huet den Direkter vum SCRIPT, de Luc Weis, preziséiert, datt net all transversale Sujet obligatoresch an all Cycle virkomme muss.

Méiglechkeet vun Adaptatiounen nach op 

Et wieren spezifesch Materialie fir déi nei Theemen entwéckelt ginn, an et wier een deementspriechend zouversiichtlech, datt dës Theemen an de Fächer matagebaut kënne ginn, esou nach de Luc Weis.

"Et si genau déi dote Froen, déi sech an deenen nächste Méint a Joren och wäerten ëmmer erëm stellen. Wéi een hei ëmgeet, wéi een et och hikritt, dattt dat dote méiglechst present an de Klassen ass."

Dofir hätt een e Comité de pilotage d'implementation. An deem wieren och d'Gewerkschaften, esou de Luc Weis. 

"Fir datt mir zesumme kënnen an den nächste Méint an den nächste Joren ëmmer erëm kucken, wat mir wéi vläicht nach missten adaptéieren, wann eppes ze adaptéiere wier.” 

Den neie Plan d’études trëtt vun nächster Rentrée u schrëttweis a Kraaft.