search

/ Néie Rakéiten-Ofwiersystem "Arrow 3" geet a Betrib

Däitschland

|
headphones

1 min

Néie Rakéiten-Ofwiersystem "Arrow 3" geet a Betrib

Südlech vu Berlin ginn déi éischten Elementer vum System aktivéiert, 2030 soll e komplett asazfäeg sinn. Mat deem System kann d‘Bundeswehr ballistesch Rakéiten zerstéieren déi ganz héich, baussent der Atmosphär, fléien.

headphones

1 min

Yoav Gallant, Boris Pistorius | ©  EPA/HANNIBAL HANSCHKE
Yoav Gallant, Boris Pistorius (Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

Däitschland huet de System als Reaktioun op d'Menace duerch Russland entwéckelt. Mat dëser strategescher Fäegkeet géif Däitschland seng zentral Roll am Häerz vun Europa eescht huelen, esou den däitschen Verdeedegungsminister Boris Pistorius.

Däitschland huet den Ofwiersystem an Israel akaaft. De Loftwaffestëtzpunkt Schönewalde/Holzdorf bei Berlin ass deen éischte vun dräi gelanten Arrow-Standuerter.