search

/ Neie Kollektivvertrag fir d'uni.lu: Artikel iwwer Harcèlement gouf iwwerschafft

OGBL

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Neie Kollektivvertrag fir d'uni.lu: Artikel iwwer Harcèlement gouf iwwerschafft

Den OGBL huet mat der Uni Lëtzebuerg en neie Kollektivvertrag fir d’Personal ausgeschafft, fir déi méi wéi 2.800 Mataarbechterinnen a Mataarbechter. Den Accord leeft retroaktiv vum éischte Januar dëst Joer bis den 31. Dezember 2028 a soll Verbesserungen op méi Niveaue mat sech bréngen. 

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Et ass déi éischte Kéier zënter der Aféierung vum Kollektivvertrag op der Uni Lëtzebuerg 2018, datt Upassunge bei den allgemengen Aarbechtskonditioune gemaach goufen. Festgehale gouf ënner anerem eng generell Erhéijung vun de Salairë, esou wéi eng Rei vu Primmen, erkläert de Frédéric Krier vum OGBL.

"An zwar vun 2 Prozent fir d'Allgemengpersonal a 7 Prozent fir d'Doktoranden. Dat heescht, dat ass eng Opwäertung vun de Salairen a mir hunn och verschiddenen Deeler awer och vum Kollektivvertrag e bësse revidéiert."

Notamment d’Reegelung vun den Aarbechtszäite goufen adaptéiert: Zum Beispill goufen d’Méiglechkeete fir den Temps partiel fir Elteren ugepasst, eng Charta fir den Droit à deconnection gouf agefouert a beim Horaire mobile kann een elo bis zu 40 Stonnen an de Minus goen.

Virwërf vun de leschte Méint hunn neie Kollektivvertrag beaflosst

Virun allem gouf am neie Kollektivvertrag den Artikel iwwer Mobbing a Respekt op der Aarbechtsplaz komplett iwwerschafft, dat am Kontext vun de rezente Virwërf géint d’Uni Lëtzebuerg.

Ënner anerem gouf méi kloer definéiert, u wien déi Betraffe sech wende kënnen an d’Méiglechkeet vun enger informeller Prozedur – also quasi enger Mediatioun – gouf geschaf, esou de Frederik Krier.

D’Problemer bei de Promotiounsreegelen – wéi zum Beispill d’Intransparenz wéi d’Promotioune vergi ginn - wier net iwwer de Kollektivvertrag gereegelt, see tde Frédéric Krier vum OGBL.

"Do si mir awer och dohannert. Ech mengen, wat mir e bëssen als e Problem gesinn, wat och dozou ka féieren, ass - nieft der Transparenz op deem Niveau - och déi Restriktioun, dass eigentlech beim akadeemesche Personal nëmme 25 Prozent vun de Recrutementer kënnen intern geschéien, wat natierlech dann immens aschränkt wéi vill Leit, déi eegentlech intern kënne weider Karriär maachen."

Schwéier Virwërf géint uni.lu a leschter Zäit

An de leschte Wochen a Méint ware schwéier Virwërf vum Personal géint d’Uni Lëtzebuerg erhuewe ginn, ënner anerem wéinst Mobbing, toxeschem Klima a Muechtmëssbrauch. De Rekter hat ëmmer nees betount, datt et Eenzelfäll wieren a kee systeemesche Problem. 

Fir d’Mëssstänn ze iwwerpréiwe lafen den Ament zwee Auditen: Ee vun der Uni selwer an een externen, dee vum Héichschoulministère an Optrag gi gouf. D’Resultater stinn nach aus.

play_arrow Lauschteren