Radioen

On air

Spektrum  |  Kwes. - Open Up Feat. Sampha & Tirzah

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Néi Expo "Erliefnis Europa" zënter dem 9. Mee op

Europadag

Néi Expo "Erliefnis Europa" zënter dem 9. Mee op

No Paräis, Berlin, Warschau, Tallin an enger Rei aneren EU-Memberlänner huet elo och Lëtzebuerg eng eegen ''Erliefnis Europa'' Ausstellung an aktuell och déi Gréissten. Mat engem 360 Grad Kino, Rollespiller a Virtual Reality sollen d'Visiteuren déi Europäesch Unioun op eng interaktiv an immersiv Aart a Weis méi no bruecht kréien.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Christoph Schroeder | © Marlène Clement play_arrow
De Christoph Schroeder, Chef vum Lëtzebuerger Büro vum Europaparlament. (Foto: Marlène Clement)

Gëschter um 9. Mee, genee ee Mount virun den Europawalen, gouf um Kierchbierg virum EU-Parlamentsgebai den Europadag gefeiert. Mat enger offizieller Zeremonie, Informatiounsstänn a Riede vun ënnert anerem dem Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel an dem EU-Kommissär Nicolas Schmit, gouf den Europadag gestart. 

Ëmmer um neitste Stand

Zil vum Europaparlament ass et, an all Haaptstad esou een interaktiven Informatiounszenter opzemaachen, erkläert de Chef vum Lëtzebuerger Büro vum Europaparlament, de Christoph Schroeder. Uganks 2019 gouf ugefaangen, déi permanent Expo zu Lëtzebuerg ze plangen. Fir Lëtzebuerg wier dat e groussen Effort gewiescht. 

Fir ëmmer um neitste Stand ze sinn, gëtt déi permanent Ausstellung och reegelméisseg aktualiséiert, erkläert de Christoph Schroeder.

"Deelweis esouguer iwwer Nuecht: Wann et nei Deputéiert ginn, wann et nei Entscheedunge ginn, dann hu mir d'Méiglechkeet vu Bréissel aus an och vu Lëtzebuerg aus, direkt déi Saache à jour ze setzen." 

Iwwer d'EU informéieren

De Bierger d’EU méi no bréngen, dat ass d’Zil vun der Expo. An dat ass och d’Zil vun de Festivitéiten um Europadag. Virun allem ee Mount virun den Europawale wier et wichteg, de Leit nach emol no ze bréngen, wat Europa ass, erkläert déi offiziell Vertriederin vun der Kommissioun zu Lëtzebuerg, d'Anne Calteux. 

"Wat Europa fir si bedeit, a wat Europa och fir si mécht, ganz konkret. Mir hunn eng ganz Rei un Informatiounsstänn, bei deenen d’Leit sech eng Iddi dovunner kënne maachen." 

Op enger Statioun kënnen d’Visiteuren sech zum Beispill ee Bild dovunner maachen, wéi déi dräi Haaptinstitutioune vun der EU - also d‘Parlament, Kommissioun an de Conseil -  funktionéieren an zesummeschaffen.

An effektiv hu vill Leit um 9. Mee de Wee an den europäesche Quartier um Kierchbierg fonnt fir un de Festivitéiten deelzehuelen, an och fir sech den neien “Erliefnis Europa” Zenter unzekucken. 

Et waren awer net nëmme Leit op de Kierchbierg komm, fir sech de Festivitéiten unzeschléissen. Gëschter hate sech och tëscht 50 a 60 Demonstranten virum Konrad Adenauer Gebai versammelt, fir géint de Krich a Gaza ze protestéieren. 

 

Lauschterenplay_arrow

 

Europawalen
Politik a Gesellschaft
Europa