Dat kann een an der Äntwert vum Ëmweltminister a vun der Mobilitéitsministerin op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP liesen.
An hirer Äntwert erënneren de Serge Wilmes an d’Yuriko Backes drun, datt d’Regierung d’Subside fir elektresch Gefierer ëm dräi Méint verlängert huet, bis Enn Juni dëst Joer: et gëllt den Datum vun der Commande vum Gefier. Ufank vun dësem Joer soll d’Analys gemaach ginn, no wéi enge Critèren d’Subsiden duerno solle vergi ginn.