D’Europäesch Kommissioun hat am Juli proposéiert, d’Reegele fir genetesch modifizéiert Organismen (OGM) ze labberen. An Zukunft sollten deemno zwou verschidde Kategorien agefouert ginn. An der Kategorie 1 wieren Nei Genomesch Techniken (NGT1), bei deene mat enger sou genannte Gen-Schéier Planzematerial genetesch verännert gëtt. De Rescht vum genetesch modifizéierte Planzematerial géing ënnert eng zweet Kategorie falen (NGT2).
Dat Neit dobäi: D’NGT1 wieren der Kommissioun no net vu konventionell geziichte Planzen ze ënnerscheeden a missten deemno och net méi extra reguléiert oder gekennzeechent ginn.
Nei Techniken - eng Chance fir d‘Landwirtschaft
Lëtzebuerg hat bis elo zu deene Länner gehéiert, déi déi nei Reegele kritesch gesinn. Dat huet sech elo deelweis geännert. D’Landwirtschaft brauch déi nei Techniken, seet déi nei Lëtzebuerger Agrarministerin Martine Hansen am 100,7-Interview.
"Mir si fest dovun iwwerzeegt, datt déi nei Techniken extrem wichteg sinn, och fir am Green Deal virunzekommen. Dir wësst, et ginn zwou Kategorië vun NGT. Déi aus der éischter Kategorie si vergläichbar mat eisen traditionellen Ziichtungsmethoden. Si gi just méi séier a méi geziilt. Dofir brauche mer se fir den Asaz vu Planzeschutzmëttelen ze reduzéieren an och eis Planzen un de Klimawandel unzepassen."
Dat entsprécht den Erwaardunge vu villen am Agrarsecteur, wou deels ongedëlleg op gréng Luucht vu Bréissel gewaart gëtt. Zu Lëtzebuerg ass zum Beispill de President vun der Bauerenzentral dofir.
D'Propos vun der EU-Kommissioun fir d'Reegele fir Gentech-Planzen ze labberen, gëtt iwwerdeems vu ville Memberlänner positiv opgeholl. Déi 27 EU-Staate si sech awer e Méindeg net iwwer eng Positioun eens ginn. Siwe Länner hunn géint ee Kompromëssvirschlag vun der Spuenescher Presidence gestëmmt, dorënner Éisträich a Schweden.
Lëtzebuerg kritiséiert méiglech Breveten
Lëtzebuerg huet sech genee ewéi Däitschland enthalen.
D’Lëtzebuerger Kritik beschränkt sech elo op d’Méiglechkeet vun enger Patentéierung vun deem neie Planzematerial oder dem Som. Domat ass een net averstane, sou d’Martine Hansen.
“Wa mer soen, se si vergläichbar mat deem normale Saatgut, da sollte mer se och esou behandelen a kee Brevet drop maachen. Dat ass nämlech bei normalem Saatgut och net erlaabt. Dat war fir eis eng rout Linn, dofir konnte mer deem Ganzen net zoustëmmen.”
Eng Patentéierung géif grouss Agrarkonzerner Virdeeler ginn, sou och d’Kritik vun Éisträich an Däitschland.
Martine Hansen: Kee Risiko fir de “Prinzip vun der Precautioun”
De Prinzip vun der Precautioun gëtt bei deenen neie Reegelen net respektéiert - dat hat déi fréier Regierung kritiséiert. An dat bekloen och Ëmwelt- a Konsumenteschutzorganisatiounen, déi och soen, datt de Risiko net genuch evaluéiert gouf. D’Martine Hansen gesäit dat net esou.
“Do gi jo am Prinzip mat enger Genschéier Saachen erausgeschnidden ouni datt nei Saachen era gesat ginn. Déi normal Ziichtungsmethod, bei där Kräizunge gemaach ginn, ka vill méi laang daueren an ass manner cibléiert. D’Endresultat ass awer vergläichbar. Dofir gesinn ech bei deem NGT1 dee Risiko net.”
D‘Martine Hansen wëll net vun engem Revirement an der Lëtzebuerger Politik schwätzen. Beim Planzematerial aus där zweeter Kategorie géing d’Regierung skeptesch bleiwen an hätt sech een “opt out” gefrot, fir déi kënnen zu Lëtzebuerg ze verbidden.
Fräie Choix vu Konsumente weider garantéiert?
Fir d’Biobauere steet vill um Spill. Mussen d’Planzen net méi extra ausgezeechent ginn, wéisst kee méi op Gentechnik dono um Teller lant an et géif och keng Transparenz fir Bauere méi, schreift d’Vereenegung fir Biolandwirtschaft an engem Communiqué.
D’Biobauere kéinten an Zukunft weider op Som aus genetesch modifizéierte Planze verzichten, sou d’Martine Hansen dozou.
Wéi gesäit et da bei de Konsumenten a Konsumentinnen aus, déi soen, si wéilten op Gentechnik verzichten? Wéi kann een hinnen d’Garantie ginn, dat si dat och an Zukunft weider kënne maachen?
“Déi Garantie hutt der och am Moment net, well et an anere Länner erlaabt ass a wëll een u sech den NGT1 net kann ënnerscheede vun anere Methoden. Dofir kann ech just soen: Déi Garantie hutt der och elo net.”
Dat gesäit net jiddereen esou. Dem däitschen Agrarminister Cem Özdemir no wier duerch déi nei Reegelen de Prinzip vun der Koexistenz vu Landwirtschaft mat an ouni Gentechnik net méi garantéiert.
“Es gibt konventionelle wie Biolandwirte, die auch gentechnikfreie Produkte setzen und es gibt offensichtlich einen Käufer:innen-Markt dafür. Wer bin ich denn, dass ich die belehre und sage, das dürft Ihr in Zukunft nicht mehr. Das entscheiden schon noch die Leute selber.”
Tilly Metz: Biologesch Konsequenzen net virauszegesinn
Och déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz ass iwwerzeegt dovun, datt de neie Reegelen no eng ganz Réi vun OGM’en net méi ze retracéiere wieren. Si géifen ouni extra Autorisatioun an ouni datt de Konsument et mierkt, op de Marché bruecht ginn.
Der grénger Politikerin no sinn déi nei Methoden net mat den traditionellen Ziichtungs-Methoden ze vergläichen, déi biologesch Konsequenze wieren net viraus ze gesinn.
Vu datt d’Memberlänner keen Accord fonnt hunn, muss déi nächst EU-Presidence elo een neie Kompromëss proposéieren.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.