Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Getdown Services - I'm Not Feeling It

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Kompetenze fir den Agent municipal

Gemengen

Nei Kompetenze fir den Agent municipal

Zu Lëtzebuerg hunn 51 Gemenge bis elo sougenannten Agent-municipallen agestallt, also Pecherten. Am ganze Land ginn et ronn 240 Agent-municipallen. Déi meescht dovunner an der Stad an zu Esch. Duerch d’Gesetz vum 27 Juli 2022 kruten d’Pecherten nei Kompetenzen, fir déi se eng spezifesch Formatioun brauchen. Si kënne penal Infraktioune konstatéieren, präventiv handelen oder och administrativ Sanktioune festleeën. Mee net vill Gemengen hunn déi bis elo ëmgesat.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / SvenSimon | FrankHoermann/SVEN SIMON play_arrow
(Foto: picture alliance / SvenSimon | FrankHoermann/SVEN SIMON)

Nei sinn administrativ Sanktiounen, déi den Agent ka festleeën. Et gëtt eng Lëscht vu 17 Infraktiounen, déi ënnert d’Kompetenz vum Agent municipal falen. Ënnert anerem falsch Parken, mee och Kaméidi, oder um Trottoir een net erlaabte Verkafsstand hunn.

Et hunn nach net vill Gemengen hire Règlement de police mat den administrative Sanktiounen ugepasst, esou de Steve Hatto, Vizepreseident vun der FGFC, der Gemengebeamtegewerkschaft.

Eng Rei Beamten hunn d'Ausbildung scho fäerdeg

Bei den administrative Sanktioune gëtt et ee Recours. Nom Constat vum Agent municipal kritt d’Persoun eng Geldstrof vu 25 Euro ze bezuelen. Gëtt déi net bannent 15 Deeg bezuelt, da geet den Dossier un een onofhängege Fonctionnaire sanctionneur, deen dann entweder d’Sanktioun kann annuléieren oder awer eng méi héich Geldstrof ka festleeën. Dee Sanctionneur kann iwwerdeems déi concernéiert Persoun convoquéieren an Zeien héieren.

Den Agent municipal dierf awer och, wann hien déi néideg Formatiounen huet, bei penalen Infraktiounen ee Constat maachen. Deen Ament awer muss d’Police ageschalt ginn, mee de Suivi vum Dossier kann a verschidde Fäll och vum Agent municipal gemaach ginn. Wat d’Formatioun ugeet, esou hunn eng Partie Beamten a Moduller déi Ausbildung fäerdeg.

Lauschterenplay_arrow