Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Adult Leisure - Kiss Me Like You Miss Her

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Nei Etüd vum Statec: All véiert Kand zu Lëtzebuerg ass dem Aarmutsrisiko ausgesat

Statec

Nei Etüd vum Statec: All véiert Kand zu Lëtzebuerg ass dem Aarmutsrisiko ausgesat

Bal all fënneft Persoun zu Lëtzebuerg riskéiert an d‘Aarmut ze rutschen, weist eng nei Enquête vum Statec. Dat obwuel d‘Zuele sech liicht verbessert hunn. Bei de Kanner ass den Taux nach méi héich. Ee Kand vu 4 ass dem Aarmutsrisiko ausgesat. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

Déi nei Enquête vum Statec weist, datt d‘Revenuen an d‘Liewenskonditioune vun de Stéit sech 2024, liicht par Rapport zum Joer virdrun, verbessert hätten. Mee den Taux vum Aarmutsrisiko bleift awer bei ronn 18 Prozent. 2023 louch deen Taux bei 18,8 Prozent. Am meeschte si Kanner a Jonker ënner 18 Joer dem Aarmutsrisiko ausgesat. Déi Kanner liewen a Menagen, déi ënner 2.540 Euro am Mount Revenu hunn.

Den Duerchschnëtts-Revenu louch d‘lescht Joer hei am Land bei 4.867 Euro.

Aus der Enquête vum Statec geet och ervir, datt déi 20 Prozent vun de räichste Leit hei am Land 4,7 Mol méi verdéngen, wéi déi 20 Prozent vun den äermste Leit.