Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Sozialisten un Ursula von der Leyen: “Eise Support ass kee Blankoscheck”

Nei EU-Kommissioun

Europäesch Sozialisten un Ursula von der Leyen: “Eise Support ass kee Blankoscheck”

Eng EU-Kommissioun ouni de sozialistesche Spëtzekandidat ze proposéieren wier ee Précédent, sou déi europäesch Sozialisten an engem Communiqué. Si dreeën domat, déi nei Ekipp vun der Ursula von der Leyen net ze ënnerstëtzen. 

auto_stories

2 min

Foto: European Union

De Prozess vun den europäesche Spëtzekandidaten an d’Egalitéit misste respektéiert ginn an et misst och eng fair Distributioun vun de Poste fir Vizepresidenten assuréiert ginn, schreift d’Partei vun den Europäesche Sozialisten an engem Communiqué a warnt virdrun, der Ursula von der Leyen an hirer neier Kommissioun hir Ënnerstëtzung ze entzéien.

Kommissioun ouni Nicolas Schmit net akzeptabel

Medieberichter no hätt d’CDU-Politikerin wëlles, eng Kommissioun ouni de sozialistesche Spëtzekandidat Nicolas Schmit als Member ze proposéieren. Dat wier ee Précédent zënter datt et de System vun de Spëtzekandidate gëtt et datt Usus wier, datt déi Kandidaten eng féierend Roll op EU-Niveau spillen “an der Reflektioun vum demokratesche Mandat, dat si wärend den Europawalen als Representantë vun hire politesche Familljen assuréiert hunn”, heescht et am Text.

Wat bis elo iwwert d’Zesummesetzung vun der neier Kommissioun bekannt ass, géing riskéieren, ausserhalb vun deem ze leien, iwwert dat ee sech mat der Presidentin von der Leyen eens gi war, sou de Parteichef Stefan Löfven an deem Communiqué. “Eise Support war ni ee Blankoscheck. Mir hunn ëmmer gesot, datt d’Kommissioun misst eisen Erwaardungen entspriechen.”

Presentatioun vun den neie Membere gouf verréckelt

D’Lëscht vun de Membere vun där neier EU-Kommissioun gëtt eréischt déi nächst Woch presentéiert. D’Annonce vun e Mëttwoch gouf verluecht. De Grond fir dës Ännerung wier Slowenien, sou d’Europäesch Kommissioun. Déi slowenesch Regierung hat hire Kandidat zeréckgezunn. Déi nei Persoun muss vum Parlament gutt geheescht ginn, dat soll e Freideg geschéien.

D’Presidentin vun der Kommissioun, Ursula von der Leyen huet elo Wëlles, d’Zesummesetzung vun där neier Kommissioun de Cheffen vun de politesche Fraktiounen am Europaparlament dee nächsten Dënschdeg zu Stroossbuerg ze presentéieren.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa