search

/ Nei Defensestrategie vun den USA: Weiderhi feste Partner vun Europa mee manner Support

USA-NATO

|
headphones

1 min

Nei Defensestrategie vun den USA: Weiderhi feste Partner vun Europa mee manner Support

Déi amerikanesch Regierung huet eng nei national Verteidegungsstrategie publizéiert. Doran ënnersträichen si, datt si weiderhin e feste Partner an der NATO an domat Alliéierte fir Europa sinn. Europa wier wichteg, mee den europäischen Undeel un der globaler Wirtschaftsmuecht géif no ënne weisen.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Déi amerikanesch Prioritéit soll d'Verteidegung vum eegene Land an d'Ofschreckung vu China sinn, heescht et nach am Strategiepabeier vum Pentagon. 

Déi Alliéiert a Partner hätte méi Responsabilitéit fir hir eegen Defense. D‘USA géifen si awer ënnerstëtzen, mee méi limitéiert, wéi bis elo, esou nach de Strategiepabeier.