Radioen

On air

Vue sur mer  |  Miso Extra, Metronomy - Good Kisses

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Biergerinitiativ huet schonn een Drëttel vun den néidegen Ënnerschrëften

Bettenduerf

Nei Biergerinitiativ huet schonn een Drëttel vun den néidegen Ënnerschrëften

Ass zu Bettenduerf dat lescht Wuert a Saachen Nordstad-Fusioun awer nach net geschwat? Déi Fro stellt sech elo nees, nodeems e Grupp vu 5 Leit - dorënner déi fréier Buergermeeschtesch Pascale Hansen - d’Initiativ geholl huet fir Ënnerschrëften ze sammelen. Dat mam Zil, e Referendum an der Gemeng ze organiséieren.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Do sollen d’Leit net d’Fro gestallt kréien, ob si fir oder géint eng Fusioun sinn, mee ob si fir oder géint e Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher sinn.

D’Dominique Steiner ass eng vun deene 5 Persounen aus dem Grupp. Si erkläert, wéi d’Initiativ zustan koum.

"Am Fong huet dat sech direkt no der Gemengerotversammlung den 23. Oktober ugebaant. Mir stoungen do zu puer Leit zesummen, déi einfach net ganz glécklech an och bëssen enttäuscht waren doriwwer, dass mir als Bierger net ugelauschtert gi sinn an dëser Saach. Well mir fannen, dass eng Fusioun grouss Follge fir d'Gemeng Bettenduerf huet, awer eng Net-Fusioun genau sou."

Et wier een der Meenung, datt een eng grouss Bierger-Majoritéit hannert sech hätt, fir esou eng Decisioun ze treffen, seet d'Dominique Steiner. Dobäi erauskomm ass d'Biergerinitiativ.

Fir datt dee Referendum kann organiséiert ginn, mussen 20 Prozent vun de Walberechtegten an der Gemeng dat mat hirer Ënnerschrëft froen. Eegenen Aussoen no huet d’Initiativ de leschte Weekend schonn een Drëttel vun den néidege Signaturen zesummekritt.

De ganzen Interview mat der Dominique Steiner

Lauschterenplay_arrow