Radioen

On air

Moiesstudio  |  Taina Bofferding

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Navette-Service tëschent Lëtzebuerg an dem Flughafe Charleroi nees a Betrib

Flibco

Navette-Service tëschent Lëtzebuerg an dem Flughafe Charleroi nees a Betrib

Zanter Enn Oktober gëtt et nees en Navette-Service tëscht Lëtzebuerg an dem Flughafen zu Charleroi. D‘Entreprise Flibco hat d‘Verbindung wéinst der Coronapandemie virun dräi Joer gestoppt, et hätt awer eng grouss Demande ginn, fir se nees ze retabléieren, deelt de Betrib an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

Effektiv wiere scho 7.000 Trajete fir déi nächst Méint gebucht ginn. Depart ass néng Mol den Dag um Park and Ride um Bouillon mat engem Tëschestopp zu Arel. D‘Faart dauert zwou an eng hallef Stonnen.