Radioen

On air

Sot Emol  |  Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Natur&ëmwelt: Vill administrativ Vereinfachunge kéinten d'Natur negativ beaflossen

Ëmwelt

Natur&ëmwelt: Vill administrativ Vereinfachunge kéinten d'Natur negativ beaflossen

Natur&ëmwelt mécht sech Suergen iwwert déi vill Ukënnegunge vun der Regierung a Saache Simplification administrative an de Beräicher Ëmwelt, Landwirtschaft a Wunnengsbau. Déi géife grouss Risike fir den Natur- an Ëmweltschutz mat sech bréngen. An si géife weisen, datt hei am Land – an Zäite vu Klima- a Biodiversitéitskris - déi falsch Prioritéite gesat ginn.

auto_stories

1 min

Eng ganz Rëtsch Vereinfachunge wieren duerchaus sënnvoll, mee vill kéinten en negativen Impakt op d‘Natur hunn. Zum Beispill, datt Ëmweltimpaktstudien nëmmen nach musse gemaach ginn, fir Flächen, déi méi wéi 4 Hektar grouss sinn, Oder, datt Kompenséierungsmesuren fir verschidden Aarten ofgeschaaft ginn.

Wou bleiwen d‘Mesurë fir d‘Natur ze stäerken, freet natur&ëmwelt. A firwat gëtt den Naturschutz net als Chance fir d‘Landwirtschaft genotzt, ass eng weider Fro déi sech d'Organisatioun stellt.