search

/ Nationalgardistin stierft no Schëss zu Washington

USA

|
reading time

1 min

Nationalgardistin stierft no Schëss zu Washington

Nodeems een 29 Joer alen Afghan zu Washington DC op zwee Nationalgardiste geschoss hat, ass eng vun hinnen zwee elo am Spidol gestuerwen. Et handelt sech ëm eng Zaldotin. Iwwerdeems wëllt den Donald Trump d'Openthaltsgeneemegunge vu Leit aus "problematesche Länner" préiwe loossen.

reading time

1 min

©  EPA/WILL OLIVER
(Foto: EPA/WILL OLIVER)

Zum Motiv vum presuméierten Täter ginn et iwwerdeems och nach keng Detailer. Op enger Pressekonferenz vum FBI gouf confirméiert, datt ee weiderhi wéinst Terrorverdacht ermëttelt.