De Kennedy hat Wëlles, datt Impfungen zum Beispill géint Influenza, Rotavirus oder Hepatite B net méi solle fir Kanner recommandéiert ginn. Dat huet ee Geriicht am US-Bundesstaat Massachusetts elo gekippt. Och déi vum Kennedy entscheet Neibesetzung vum Impf-Experte-Comité an hir Recommandatiounen goufe blockéiert.
Dokterverbänn haten dem Robert F Kennedy seng geplangt Ännerunge bei der Impfpolitik schaarf kritiséiert an dogéint geklot. Den US-Gesondheetsminister ass Impfskeptiker an huet ëmmer erëm Verschwörungstheorien an Zweiwel un Impfunge verbreet.