Radioen

On air

Notturno  |  Wilco - Impossible Germany

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nancy Faeser presentéiert Mesure fir méi effikasse Retour vun Asyldemandeuren

Flüchtlingspolitik

Nancy Faeser presentéiert Mesure fir méi effikasse Retour vun Asyldemandeuren

Déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser gëtt konkret mat hire Mesurë fir illegal Asyldemandeuren zréck ze schécken. Nach des Woch soll e Gesetzestext virgeluecht ginn, Retoure sollen da méi séier a méi effikass wéi bis elo organiséiert ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Hannes P Albert
(Foto: picture alliance/dpa | Hannes P Albert)

Wien sech an Däitschland net däerf ophalen, muss d‘Land verloossen, sou d‘Ministesch. Domadder géif och Platz geschaf gi fir Leit di wierklech an Nout an op der Flucht viru Krich wieren.

Zuel u Flüchtlinge am Mëttelmier klëmmt

Eng 1.300 Flüchtlinge sinn iwwerdeems eleng dëse Weekend op de kanareschen Inselen ukomm, op engem Schëff eleng waren eng 321 Flüchtlingen. Déi meescht vun hinne kommen aus der Subsahara. Zanter dem 1. Januar an dem 15. Oktober sinn iwwer 23.000 Flüchtlingen op de kanareschen Inselen ukomm. D‘Zuel huet däitlech zougeholl, dat well am Mëttelmier méi streng kontrolléiert gëtt an d‘Situatioun an de Saharastaaten net méi stabil ass.