Deem war virausgaangen, datt an de leschte Woche Puddermëllech vu verschidde Marken zeréckgeruff goufen, well se mam Gëftstoff kontaminéiert waren. Duerch dës toxesch Substanz kënne Puppelcher Duerchfall kréien oder musse sech iwwerginn. Am 100,7-Interview huet d’Greet Symons vun der ALVA erkläert, datt dëse Gëftstoff normalerweis net an de Liewensmëttel ze fannen ass.
Produzente mussen hir Produite kontrolléieren
Well eng primär Source kontaminéiert gouf wieren elo vill verschidde Produite vun der Kontaminatioun mat betraff. All Produzent misst sech elo selwer drëms këmmere fir seng Produite konform ze maachen, esou d’Greet Symons. Wann hire Produit de Grenzwäert iwwerschreit, muss de Produit vum Marché geholl ginn. Gläichzäiteg géif och d'ALVA Kontrollen an Analyse maache maachen.
"Es kann deswegen sein, dass einige Produkte, die vorher noch als unbedenklich galten, jetzt ebenfalls vom Markt gezogen werden mussen."
D’Greet Symons präziséiert awer, datt dat net heescht, datt all Produite geféierlech wieren. Et géif ee just virsiichteg virgoen, fir d’Gesondheet vun de Puppelcher méiglechst gutt ze schützen.
Weider Puddermëllech haut zeréckgezunn
Och d'Geessemëllech "CAPREA 1" vun der Mark Babybio gouf zeréck gezunn. Och do kéint de Gëftstoff Cereulid dra sinn, deen duerch eng Bakterie produzéiert gëtt.
Dat mellt d‘Veterinär a Liewensmëttelverwaltung. Domat klëmmt d‘Zuel vun zeréckgeruffene Puddermëllechen op iwwer 30.
All Detailer fannt Dir op securité-alimentaire.lu. Et gëtt geroden, direkt bei den Dokter ze goen, wann de Puppelchen, nom Drénken, Duerchfall kritt oder sech iwwergëtt.