Assuréeën hätten deemno gesot kritt, datt si missten eng psychiatresch Begleedung vun engem oder zwee Joer maachen ier si eng Hormon-Therapie kënne kréien. Et géif awer weder ee Gesetz nach eng Bestëmmung bei der CNS, déi dat virschreift, esou d‘CSV-Ministesch an hirer Äntwert.
Et wier eng Reunioun mat de responsabele Servicer geplangt, fir iwwer dës Falschinformatiounen ze schwätzen an ze verhënneren, datt et an Zukunft erëm virkënnt.