Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ NATO: Schweden sëtzt weider op der Bänk

NATO-Ausseministeren

NATO: Schweden sëtzt weider op der Bänk

Zu Bréissel ass haut den zweeten Dag vun der Reunioun vun den Ausseministeren aus de bis elo 31 NATO-Länner. Schweden hätt do am Fong sollen als 32. Member opgeholl ginn. Mee d'Tierkei blockéiert nach ëmmer d'Demande vu Schweden fir Member vun der NATO ze ginn. D'Alliéiert erhéijen elo den Drock.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© picture alliance / photothek | Janine Schmitz play_arrow
Den tierkeschen Ausseminister Hakan Fidan mam Annalena Baerbock. (Foto: picture alliance / photothek | Janine Schmitz)

Hien hätt gehofft, datt een op där Reunioun Schweden hätt kënnen als 32. Member vun der Nordatlantescher Militär-Allianz wëllkomm heeschen, sou gëscht zum Optakt de NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg. Doraus awer ass näischt ginn.

"Also ich muss sagen, wir sind tatsächlich ziemlich enttäuscht."

Sou déi finnesch d’Ausseministerin Elina Valtonen. Dat Land, wat et am Géigesaz zu Schweden gepackt huet. Finnland ass zanter dem Abrëll dëst Joer volle Member vun der Allianz.

Drock op d‘Tierkei wiisst

Den Drock wiisst op d’Tierkei vun deenen anere Memberen. Ee fir se all, an all fir een: datt misst an der NATO weider garantéiert sinn, stellt déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock kloer.

"Es ist klar und deutlich in Vilnius gesagt worden, dass Schweden Mitglied unserer gemeinsamen Allianz werden wird und das ist mehr als überfällig und deswegen muss dieser Schritt kommen."

Et géing hei ëm d’Force vun der NATO, déi um Spill steet, sou nach méi däitlech hir franséisch Homologin Catherine Collonna.

“29 pays ont ratifié la candidature de la Suède. Deux ne l’ont pas encore fait. Donc nous attendons de la Turquie et de la Hongrie qu’elles ratifient désormais sans plus tarder cette adhésion. Il en va de la force de notre alliance. Il ne faut pas perdre un jour de plus.”

Tierkei hält sech bedeckt

Den tierkesche Minister awer huet keng Stellung geholl. Dat nämmlecht gëllt fir deen aus Ungarn, wat ni wierklech eng Demande u Schweden hat, ob a wat een am Géigenzuch erwaart. Bei der Tierkei war dat anescht.


D’NATO hätt hiren Deel erfëllt. Dat war de Constat vun hirem Generalsekretär. D’Allianz géif, wéi gefrot, méi enk am Kampf géint den Terrorismus mat der Tierkei zesummeschaffen. Dat nämmlecht gëllt fir Schweden, sou de Jens Stoltenberg.

"Schweden huet geliwwert: si schaffe méi enk zesummen. D’NATO huet hir Efforten eropgesat. An dofir erwaarden ech, datt och d’Tierkei sech un dat hält, wat mer zu Vilnius ofgemaach hunn."

Wat genee d’Tierkei nach wëll, ass iwwerdeems net kloer. Et kéint ëm Waffegeschäfter goen. D’Land wëll Kampffligere kafen a brauch den Accord vun deenen aneren.

Schweden bleift optimistesch

De schwedeschen Ausseminister Tobias Billström huet gëscht probéiert, optimistesch un d’Saach erunzegoen.

“Natierlech kucke mir ëmmer drop, dat elo ofzeschléissen a volle Member ze ginn. Bis elo gesi mir Fortschrëtt am Prozess, an dat ass gutt fir eis.”

D’Finnin Elina Valtonen hofft, datt Schweden eventuell nach viru Chrëschtdag Member kéint ginn.

"Dass wir vielleicht in den kommenden Tagen Wochen, tatsächlich vor Weihnachten diesen Weg gehen und Schweden tatsächlich ein Mitglied wird."

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
International
Politik