D‘Leitunge wieren un der belsch-franséischer Grenz ugezaapt ginn, dat wier 2019 entdeckt ginn. Am Ganze wiere ronn 800.000 Liter Kerosin geklaut ginn. De Fall ass brisant well et den zentral-europäesche Pipeline System ass, den ugezaapt gouf. Dat ass e wichtegen Deel vum Nato Verdeedegungssystem. D‘Leitunge lafen iwwer d‘Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg. Si versuergen der NATO no och d‘Flughäfen zu Bréissel, Frankfurt, Amsterdam, Lëtzebuerg an Zürech.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ NATO Pipeline ugezaapt
NATO
NATO Pipeline ugezaapt
D‘NATO huet eng Enquête opgemaach nodeems grouss Quantitéite Kerosin aus en enger NATO Pipeline geklaut an iwwer Tankstellen un Automobiliste verkaf goufen. Dat huet eng NATO Spriecherin der däitscher Presseagence confirméiert.
auto_stories
1 min