Vill Leit hätten a reliéisen Ariichtunge Schutz gesicht, anerer géife probéiere fir iwwer d‘Grenz a China ze kommen. Op d‘Mannst 17 Ziviliste wiere bei den Ausenanersetzungen ëm d‘Liewe komm.
Donieft wiere wichteg Transportweeër blockéiert an et kéint zu Enkpäss bei liewenswichtege Gidder. Dräi ethnesch Gruppen haten Enn Oktober eng Offensiv am nërdleche Shan-Staat vum Myanmar, un der Grenz zu China, gestart a Berichter no dem Militär schwéier Verloschter zougefüügt hunn.