Radioen

On air

Notturno  |  Yussef Dayes - Rust Feat. Tom Misch

play_arrow Live
search

/ Muselschleis zu Müden: Yuriko Backes lueft "exzellent Zesummenaarbecht" vun alle Concernéierten

Méi séier operationell wéi geplangt

Muselschleis zu Müden: Yuriko Backes lueft "exzellent Zesummenaarbecht" vun alle Concernéierten

D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes ass frou doriwwer, datt vun haut Samschdeg un nees Schëffer duerch d’Muselschleis vu Müden an der Géigend vu Cochem fuere kënnen. An engem Communiqué aus hirem Ministère heescht et, de Fait, datt d’Schleis méi séier wéi geplangt nees operationell ass, wier d’Resultat vun enger exzellenter Zesummenaarbecht vun alle Concernéierten.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Sascha Ditscher
(Foto: picture alliance/dpa | Sascha Ditscher)

Si hätte mat groussen Engagement um séiere Rétablissement vun dëser essentieller Infrastruktur geschafft.

8 Woche war d’Schleis zou, nodeems Ufank Dezember e Schëff an d’Paart gerannt war; dobäi war d’Schleis ferm beschiedegt ginn, an d'Paart hat missen ersat ginn.