Radioen

On air

Thé Dansant  |  Jamiroquai - Cosmic Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mouvement écologique: D'Subside fir E-Autoe musse méi selektiv ginn

Mobilitéit

Mouvement écologique: D'Subside fir E-Autoe musse méi selektiv ginn

De Mouvement écologique fuerdert méi eng selektiv Fërderung vun den Elektroautoen. Och wärend dem Autosfestival dëst Joer géif ee rëm gesinn, datt ëmmer méi grouss a méi schwéier Autoen ugebuede ginn, och Elektroautoen. Dofir missten d‘Subsiden och fir d‘Elektromobilitéit méi selektiv ginn. Just nach effizient E-Autoe solle gefërdert ginn.

auto_stories

1 min

Elektroauto | © picture alliance / Jochen Tack
Elektroauto (Foto: picture alliance / Jochen Tack)

D‘Hëllef sollten awer och méi sozial selektiv ginn, fuerdert de Mouvement. Vun engem gewësse Kafpräis un, dat heescht, fir Autoen, déi éischter an der Luxuskategorie leien, sollt ee Keefer net méi ënnerstëtzt ginn, sou de Mouvement. Eng Persoun, déi sech en Auto vu 60.000 Euro ka leeschten, kéint dat och ouni Hëllef, sou d'Argumentatioun.

Malus-System gëtt gefuerdert

Donieft fuerdert de Mouvement och e Malus-System, wéi et e schonn zum Beispill a Frankräich, Holland an an der Belsch gëtt. Fir nei Autoe mat héijen Emissiounswäerter muss méi bezuelt ginn.

Och déi verstoppte Subventioune fir d‘Leasingsautoe missten iwwerduecht ginn. Do géif de Staat zeg Milliounen investéieren. An Zukunft sollen nëmmen nach Elektroautoen, an och do just nach besonnesch effizient E-Autoen, subventionéiert ginn.