Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
search

/ Mouvement Écologique: Staark Kritik géint Ëmwelt- an Nohaltegkeetspolitik

Ëmwelt an Nohaltegkeet

Mouvement Écologique: Staark Kritik géint Ëmwelt- an Nohaltegkeetspolitik

Eng kritesch Ried vun der Mouvement Ecologique Presidentin Blanche Weber. Um Kongress vun der ONG gouf d’Ëmwelt an d’Nohaltegkeetspolitik vun der Regierung schaarf ënner d’Lupp geholl.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

Déi politesch Versprieche wieren ze vag an et géif un enger Visioun fir déi gréng Zukunft vum Land feelen, bedauert d‘Ëmweltorganisatioun. Déi initial Zousoe vun der CSV-DP-Regierung wieren net a konkret Handlungen ëmgesat ginn.

Méi wéi just Prozeduremanagement

D’Blanche Weber kritiséiert eng "pragmatesch Ëmweltpolitik“ vun der Regierung, déi awer net déi reell Problemer ugeet.

"Et gëtt Prozeduren am Land, déi net gutt sinn, déi solle geännert ginn. Mee niewent Prozedure geet et awer och ëm politesch Choixen, déi ee muss treffen. Et muss ee proaktiv Mesuren huelen, déi d’Klima schützen, déi Diversitéit schützen. An dat si ganz aner Mesurë wéi nëmme Prozeduremanagement.“

D’Presidentin vum Mouvement Ecologique ass dann och op déi rezent Aussoe vum Premier iwwer d’Atomenergie agaangen. De Luc Frieden hat zu Bréissel um EU-Sommet gesot, datt een net ze "ideologesch“ sollt denken.

Keng eenheetlech Meenung an der Regierung

Der Blanche Weber no géif et awer e Konsens hei am Land ginn an zwar, datt ee gëeent géint Atomstroum wier. An där Meenung wier och den Ëmweltminister um Kongress gewiescht.

"An den Här Wilmes hat de Luc Frieden nach net héieren. An hien huet e puermol betount, datt hien un deem Nee zur Atomkraaft generell festhält. Dat wier d’Ausso vum Koalitiounsaccord. An hie berifft sech dorop. An et schéngt do awer sou ze sinn, wéi wann an der Regierung keng eenheetlech Meenung wier.“

"Gesellschaft esou net zukunftsfäeg“

De Mouveco hält ee fundamentale Changement fir noutwenneg. Dat wier Lëtzebuerg op ee Wee ze bréngen, dee méi ëmweltfrëndlech an nohalteg ass.

"Eisen Appell ass elo d’Jalone setzen, fir datt mir a 25 Joer net nach méi bedaueren, datt mir haut d’Richtung net geholl hunn. Mir soen, et ass e Richtungswiessel. Eis Gesellschaft ass esou net zukunftsfäeg.“

Weider wier d‘Ofhängegkeet vum Wuesstem och net compatibel mat enger nohalteger Entwécklung, betount d‘Blanche Weber.

D’Ëmweltorganisatioun huet dann och 22 Fuerderunge genannt. Dorënner, datt d’Wuesstemsfro keen Tabutheema dierf sinn, oder d’Ofschafe vun ëmweltschiedleche Subsiden.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt