Den nationalen Energie- a Klimaplang (Plan national intégré en matière d‘énergie et de climat, PNEC) soll op villen Niveauen handelen a soll och jiddweree mat an d’Boot huelen. D’Subventioune fir erneierbar Energië sollen an Zukunft héichgehale ginn, an dat och nom Juni, mee mat enger méi sozial selektiver Subventionéierung, déi och deene Stéit zeguttkënnt, déi sozial méi schwaach sinn.
Déi Motioun vun der grénger Deputéiert a fréierer Ëmweltministerin Joëlle Welfring gouf mat Ausnam vun der ADR ugeholl. D’ADR fënnt, datt d’Approche fir majoritär op erneierbar Energien ze setzen, net déi richteg ass.
Engagementer op allen Niveaue respektéieren
Déi zweet Motioun vum CSV-Deputéierte Paul Galles fuerdert, datt Regierung d’Ëmsetzung vun den nationalen, den europäeschen an den internationalen Engagementer vun der Klimakonferenz, der COP28, soll respektéieren.
"Dee weltwäiten Niveau, dee sech da besonnesch iwwer d'Instrument vun der COP, also vun der Weltklimakonferenz, dann deklinéiert. National, gëllt et de PNEC ëmzesetzen, d'Regierung opzefuerderen ze encouragéieren, fir de PNEC ëmzesetzen, well mir mengen, datt et ee ganz gutt Instrument ass.“
Fred Keup fënnt Ziler onrealistesch
Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup fënnt awer, datt Ziler, déi d’Europäesch Kommissioun festgeluecht huet, onrealistesch.
"Dat Zil vun der Europäescher Unioun, Reduktioun vu 55 Prozent vun den Emissioune bis 2030. An do muss een awer elo mol ganz kloer soen, datt dat net an déi Richtung geet, an dat wäert och net sou ausgoen. An ech mengen, dat weess och haut sou zimmlech jiddwereen an der Europäescher Unioun.“
Zum Schluss wäert dat just ee groussen Echec sinn, fir déi, déi dat Zil decidéiert hunn, mengt de Fred Keup.
Transitioun fir d‘Finanzplaz
Skeptesch bleift d’ADR och vis-a-vis vun den erneierbaren Energien, och de Käschtepunkt vun där Energie gouf vun der ADR ervirgehuewen.
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet och eng Motioun deponéiert. Dës Kéier iwwer d’Finanzplaz, déi sech méi a Richtung vun der Transitioun soll orientéieren. Éischt Schrëtt sinn d’Greenbonds op der Bourse, mee och d’Fongenindustrie soll an déi Richtung goen, esou de Franz Fayot.