Zu Moskau goufe véier presuméiert Täter vum Attentat gëschter vun engem Geriicht wéinst Terrorismus ugeklot an an Untersuchungshaft gestallt. Déi véier Männer wieren aus Tadschikistan. Dräi vun hinnen hätten d‘Dot zouginn, esou déi russesch Noriichtenagence TASS.
De Porte-parole vum Kreml refuséiert iwwerdeems, e Kommentar ze ginn iwwer d‘Virwërf, datt déi Verdächteg gefoltert gi wieren. An e puer Videoen a Fotoe, déi op de soziale Medien zirkuléieren, haten déi Verdächteg bluddeg Gesiichter.
Gëschter war a Russland en nationalen Trauerdag. De Bilan vum Attentat an engem Concertssall zu Moskau ass op 137 Doudeger an 150 Blesséierter geklommen, op der Plaz gëtt no weidere méiglechen Affer gesicht.
Trotz der Revendicatioun vum Islamesche Stat huet de russesche President Wladimir Putin och d‘Ukrain mat responsabel fir d‘Attentat gemaach – ouni Beweiser dofir ze liwweren. Kyiv dementéiert dat formell.
Frankräich setzt Terrorwarnung op héchsten Niveau
A Frankräich gouf d‘Warnung virun engem terroristeschen Attentat op den héchsten Niveau eropgesat, dat als Reaktioun op d‘Attentat vun e Freideg zu Moskau. No enger Sëtzung vum Verdeedegungsconseil zu Paräis huet de franséische Premier Gabriel Attal gëschter Owend op der Plattform X matgedeelt: De sougenannte "plan Vigipirate“ géif op den héchsten Niveau "urgence attentat“ eropgesat ginn. Wat dat konkret a punkto verstäerkte Mesurë bedeit, sot de Premier net.
Säi Büro huet awer preziséiert: D‘Attentat zu Moskau wier vun der terroristescher Organisatioun Islamesche Staat aus der Regioun Khorassan revendiquéiert ginn. Dës Organisatioun géif Frankräich menacéieren a wier rezent an e puer geplangten a verhënnert Attentater an europäesche Länner verwéckelt gewiescht, ënner anerem a Frankräich an an Däitschland.