Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Moskau: Bilan klëmmt op 133 Doudeger - Putin wërft der Ukrain eng Matschold vir, Kiew dementéiert

Nom Attentat op eng Concertshal

Moskau: Bilan klëmmt op 133 Doudeger - Putin wërft der Ukrain eng Matschold vir, Kiew dementéiert

Um Site vun der Crocus City Hall am Viruert vu Moskau ginn d’Opraumaarbechte virun. Do bleift de Bilan vum Attentat vun ee Freideg bei 133 Doudeger. Haut ass a Russland een offiziellen Trauerdag.

auto_stories

1 min

Moskau | © picture alliance / Russian Look | Dmitry Golubovich
Moskau (Foto: picture alliance / Russian Look | Dmitry Golubovich)

 

Gëschter Owend huet de Russesche President Wladimir Putin an enger Ried nom Attentat Uspillunge gemaach wéi wann d’Attentäter ee Lien gehat hätte mat der Ukrain. Et wieren all d’Auteure vun deem Attentat festgeholl ginn.

Datt d’Terrormiliz Islamesche Staat dat Attentat revendiquéiert huet, huet hien net ernimmt.

Den Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet all Versich vum Wladimir Putin fir d’Ukrain ze beschëllegen zeréckgewisen. Hien huet Moskau virgeworf, selwer Terror ze verbreeden.

Entretemps huet d’Terrormiliz Islamesche Staat d’Responsabilitéit fir d’Attentat iwwerholl. Ee Video, deen d'Täter solle mat enger Kamera gefilmt hunn, gouf iwwer Internet diffuséiert.

D’USA haten Informatiounen un d’Russe geliwwert fir si ze warnen, datt een Attentat geplangt wier, an datt virun allem Plaze viséiert wieren, wou Leit sech versammelen.