Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Monument un d'Shoah Affer goufe beschmiert

Shoah-Gedenkorganisatiounen

Monument un d'Shoah Affer goufe beschmiert

D‘Lëtzebuerger Shoah-Gedenkorganisatiounen weise sech an engem Schreiwes entsat iwwert déi antisemittesch Schmiererei zu Miedernach. Um Virowend vun der Journée de commémoration nationale, an der Nuecht vu samschdes op sonndes, ass d’Monument, dat un d’Shoah-Affer erënnert, vun Onbekannte mat rouder Faarf beschmiert a profanéiert ginn.

auto_stories

1 min

Foto: Wiki Commons

Dat wier als een Akt vun oppenem Antisemitismus ze betruechten, esou d‘Schreiwes, dat vu 6 Organisatioune mat gedroe gëtt. D‘Shoah-Gedenkorganisatioune géifen all Form u Gewalt géint jiddesch Matbierger a Mattbiergerinne verurteelen, awer och géint Monumenter a Gedenkplazen, déi un déi jiddesch Affer vum Nazi-Regime erënneren.

Dat wat zu Miedernach geschitt ass géif och weisen, datt d’Aarbecht vun zivilgesellschaftlechen Associatiounen an Organisatiounen zur Geschicht vu Krich an Diktatur zu Lëtzebuerg a besonnesch am Beräich vun der Mémoire vun der Shoah weiderhin eng wichteg Aufgab ass.