Radioen

On air

9 bis 1  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Paul Bertemes ass dout

Kulturjournalist

De Paul Bertemes ass dout

An der Kulturzeen ass et d‘Nouvelle vum Doud vum Paul Bertemes. De Cercle Artistique a verschidde Medie mellen de Moien, datt de Paul Bertemes gestuerwen ass.

auto_stories

1 min

Hie war de Fils vum bekannte Moler Roger Bertemes. De Paul Bertemes huet sech vill fir d‘Konschtvermëttlung agesat. Hie war Journalist am Beräich Konscht a Kultur an Däitschland an zu Lëtzebuerg, an huet ënner anerem fir d'Zeitung Lëtzebuerger Land geschriwwen.

De Paul Bertemes huet och beim radio 100,7 matgeschafft. Ënnert anerem huet hie Bäiträg fir de Rendez vous an der Galerie gemaach a war dacks op eiser Antenn als Konschtspezialist ze héieren.

Hie war och Direkter vun der MediArt, eng Agence fir d’Kulturpromotioun.