search

/ Mobbingvirwërf op der Uni: Eenzelfäll a kee systematesche Problem, esou de Rekter

Uni Lëtzebuerg

|
headphones

4 min

headphones

15 min

play_arrow

Mobbingvirwërf op der Uni: Eenzelfäll a kee systematesche Problem, esou de Rekter

D’Virwërf géint d’Uni Lëtzebuerg, déi an de leschte Wochen an der Press zirkuléiert sinn, weie schwéier. Vu Mobbing, toxeschem Klima a Muechtmëssbrauch ass rieds. Den Uni-Rekter Jens Kreisel betount am 100,7-Interview, datt et Eenzelfäll sinn, a kee systematesche Problem virleie géing.

headphones

4 min

headphones

15 min

play_arrow
Den Uni-Rekter Jens Kreisel. | © Jo Diseviscourt
Den Uni-Rekter Jens Kreisel. (Foto: Jo Diseviscourt)

Gëschter um Dënschdeg ass an der Chamber d’Héichschoulkommissioun zesummekomm, fir doriwwer ze diskutéieren. Och de Rekter vun der Uni.lu, de Jens Kreisel, war dobäi.

Divergenze bei der "Außenwahrnehmung und der Innenwahrnehmung”

Am 100,7-Interview schwätzt hie vun engem “oppenen Austausch”, an deem vill “wichteg Froe” gestallt gi wieren. Et wier e gudde Moment gewiescht fir Saache kloer ze stellen an ze erklären.

De Jens Kreisel stellt awer fest, datt et Divergenze ginn, wéi den Alldag op der Uni duergestallt gëtt. Dat, wat d’Gremie soen, géing net mat deem iwwereneestëmme wat vun der Mataarbechter:inne kënnt.

“Es gibt eine Divergenz zwischen der Außenwahrnehmung und der Innenwahrnehmung.”

De Jens Kreisel wëllt awer net vun engem systematesche Problem schwätzen, mee betount, datt et sech ëmmer ëm Eenzelfäll handelt, deenen ee misst nogoen.

Eng Uni ass en héich kompetitiivt Ëmfeld

Eng Uni wier en héich kompetitiivt Ëmfeld, betount de Rekter. Och d’Uni Lëtzebuerg mat senge knapp 2.700 Mataarbechter:innen.

Rezent si 4 Mataarbechter:innen op d’Verwaltungsgeriicht gaang, well si trotz enger Promotiouns-Ufro net befërdert gi sinn. Dat wier hiert gutt Recht, seet de Jens Kreisel, betount awer och, datt zënter 2018 190 Promotiouns-Ufroe gestallt goufen, an 130 net akzeptéiert gi sinn.

D'Fakultéit vun de Rechtswëssenschaften am Mëttelpunkt

Bei de Mobbingvirwërf gëtt konkret d'Finanzdepartement vun der Rechtswëssenschaft-Fakultéit genannt. Dat weess och de Jens Kreisel, deen der Fakultéit awer keng Béiswëllegkeet ënnerstelle wëllt.

Hien huet scho mat der Dekanin driwwer geschwat. Deemnächst wäert och een ausseruerdentleche Fakultéit-Rot zesummekommen.

Op der Uni géingen an all Departement Zefriddenheetsëmfroen duerchgefouert ginn. Déi wieren op der Rechtswëssenschaft-Fakultéit net grouss anescht wéi am Rescht vun der Uni. Dat selwecht gëllt dir d’”Drop-Out-Quote” vun den Doktoranten.

“Bei 2.700 Leuten kann es Fälle geben, die dem Rektorat nicht bekannt sind. Denen müssen wir nachgehen.”

Kritik um externen Audit

Fir e bessere Bléck an d’Banneliewe vun der Uni ze kréien, huet de Jens Kreisel den Uni-Rot mat 20 gewielte Memberen zesummegeruff, fir him Réckmeldung an Aschätzungen iwwer d’Klima op der Uni ze ginn.

Och soll en externen Audit vu Spezialiste gemaach ginn, seet de Jens Kreisel. Dee soll esouwuel e Bléck op d’Personal, wéi awer och op d’Strukture werfen. Domadder ass awer net d’Gouvernance gemengt, mee Saache wéi “Personalbeteiligung, Whistleblower-Service, psychologische Service.”

Kritik gouf et awer an der Chamber, well den Audit net wierklech “extern” wier. De Jens Kreisel betount awer, datt den “Aufsichtsrat” vun der Uni e Kontrollorgan wier, an d’Uni selwer och autonom wier. Den Audit géing och vun enger externer Firma gemaach ginn an de Cahier de charge géing an den nächste Woche presentéiert ginn.

"Solche Fälle" kann een net ëmmer ausschléissen

Stand haut kéint de Jens Kreisel awer net mat Sécherheet ausschléissen, datt et wierklech zu Mobbing komm ass. Hie kéint just nach emol betounen, datt an de leschte sechs Joer dräi Fäll vu Mobbing unerkannt gi sinn, a jeeweils “staark reagéiert” gi wier.

“Bei 2.700 Leuten kann man nicht ausschließen, dass es solche Fälle gibt.”

Wat den Unis-Rekter iwwerrascht, ass, datt een dat net hätt gesi kommen. Dofir wéilt een och intern un der Kommunikatioun schaffen. Schonn am November hätt ee sech dofir nei Prozeduren iwwerluecht. Ier dës Fäll an der Press waren, betount de Rekter.

Internationalen Imageschued?

Den Image vun der Uni huet jiddefalls gelidden. Net zulescht och, well eng anonym Persoun d’Linke vun den Artikel, an deenen d’Mobbingvirwërf genannt ginn, un aner Unie geschéckt huet, déi zesumme mat der Uni Lëtzebuerg Deel vun engem Héichschoulnetz sinn. Dorënner sinn Tübingen, Göttingen a Wien.

De Jens Kreisel beschreift dëst als “schwierig”. Et hätt een och scho Réckmeldung vun deenen Unie kritt. Déi géingen dacks anonym Bréiwer kréien, an der Uni dofir och weiderhi vertrauen. Dat géing awer net heeschen, datt d’Virwërf net eescht geholl géife ginn.

“Wir wissen, was ihr macht. Wir kennen eure Qualität. Wir bleiben weiter zusammen. (...) Wenn man aber Ross und Reiter nicht kennt, kann man die Situation nicht verbessern.”

Dem Jens Kreisel säi Fazit: Déi auslännesch Unie kéinten dës Situatioun duerchaus anuerdnen.

play_arrow Lauschteren