Radioen

On air

Moiesstudio  |  Natalie Prass - Short Court Style

play_arrow Live
search

/ Ministère confirméiert Cyberattack op d‘Internetsitte vum Staat

Leschten Oktober

Ministère confirméiert Cyberattack op d‘Internetsitte vum Staat

Den 23. Oktober gouf et eng Cyberattack op d‘Internetsitte vum Staat. Dat confirméiert d‘Ministesch fir Digitaliséierung, Stéphanie Obertin, an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP an de Piraten.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Et wier déi selwecht Zort vun Attack gewiescht wéi schonn den 21. Mäerz.

De CTIE, den Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat, géif reegelméisseg Cyberattacken ofwieren a géif permanent Protektiounsmoossnamen adaptéieren an optimiséieren, esou nach d‘Ministesch.