Radioen

On air

De Moien  |  Say Yes Dog - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Biergerinitiativ BIGS net zefridde mat neier Variant

Contournement Käerjeng

Biergerinitiativ BIGS net zefridde mat neier Variant

Et gëtt eng nei Variant fir de Käerjenger Contournement. Een entspriechend Dokument hätten déi Responsabel vun de betraffe Gemengen, Käerjeng a Suessem, vum Minister François Bausch presentéiert kritt, dat mellt RTL de Moien.

auto_stories

2 min

Traffik | © Bigstockphoto / khongkitwiriyachan
D'Bierginiativ BIGS fënnt datt dat net déi richteg Léisung ass fir den Traffik ze entlaaschten (Foto: Bigstock / khongkitwiriyachan)

Den neien Tracé soll elo net méi duerch de Bobësch goen, sou wéi dat an enger viregter, staark ëmstriddener Versioun de Fall war. Déi sougenannt Tunnelvariant wier deemno vum Dësch. Allerdéngs soll deen nei proposéierten Tracé iwwert den Terrain vun der Entreprise “Saint Gobain” goen, déi op Käerjenger Terrain läit.

De Responsabele vun där Firma wier awer als Echange een Terrain an der Industriezon Wolser B zu Diddeleng ugebuede ginn. Eng Decisioun vun der Firma gëtt et nach net. Am RTL-Interview gëtt de Minister François Bausch, déi gréng, sech awer optimistesch datt de Projet bis Enn des Mount an déi lescht Etapp kéint goen. Detailer iwwert den neie Käerjenger Contournement sollen e Méindeg ëffentlech presentéiert ginn.

D’Biergerinitiativ BIGS, fënnt dëst net déi richteg Léisung, fir d’Avenue du Luxembourg ze entlaaschten. Vill méi misst een iwwer aner Alternativen nodenken, an d’ëffentlech Transportméiglechkeete besser ubannen, fënnt d’Patricia Arendt, Presidentin vu BIGS.

 

"Eng alternativ Busspuer war jo och versprach ginn. An d’Mobilité douce – also et ass jo och geféierlech mam Vëlo do ze fueren. Vill Leit géifen hir Kommissiounen och mam Vëlo maachen, oder zu Fouss. Also ech mengen et gëtt eng ganz Partie Saachen. Dat ass jo ee richtege Boulevard d’Avenue du Luxembourg. An déi kann ee wierklech awer och esou amenagéieren, datt een eng Busspuer hätt, an datt een d’Méiglechkeet hätt, ouni Gefor mam Vëlo an zu Fouss ze goen."

Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Noriichten