Radioen

On air

Concert  |  Martha! E Concert mat groussen Nimm

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Mindestloun erhéicht sech ëm 2,6 Prozent

Den 1. Januar

Mindestloun erhéicht sech ëm 2,6 Prozent

Den 1. Januar erhéicht sech den onqualifizéierte Mindestloun ëm 2,6 Prozent, wat eng Erhéijung vun ongeféier 2.570 Euro op 2.637 Euro bedeit.

auto_stories

1 min

Suen am Portmonni | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb

Gläichzäiteg gëtt och de REVIS (Revenu d'Inclusion Sociale) an de Revenu fir Persoune mat engem schwéieren Handicap ëm 2,6 Prozent ugepasst. Déi néideg Gesetzprojete goufen am Regierungsrot ugeholl.