Fir déi Lénk géife Rechnungen op Basis vu Statec-Zuele weisen, datt e Stot vun 2-3 Persounen d’nächst Joer tëscht 640 an 1.070 Euro d’Joer méi fir Energie wäert bezuelen.
Dat well de Präisdeckel fir Gas op den 1. Januar ganz ausleeft an dee fir Stroum nei festgeluecht gëtt, sou d’Ana Correia da Veiga.
Präisser nach iwwer dem Niveau vu virum Krich an der Ukrain
An den Ae vun der Regierung géife sech d’Energiepräisser nees normaliséieren, wat awer net richteg wier. D‘Präisser fir Gas an Elektricitéit leien den Ament nach ëmmer iwwer dem Niveau vu virum russesche Krich an der Ukrain.
Den Energiepräisdeckel wier 2022 agefouert ginn, fir d’Stéit z’entlaaschten. Am Neie Joer wier awer all Stot betraff, well ee méi fir d’Grondbedierfnisser u Stroum a Gas bezuele misst, betount d’Member vun der nationaler Koordinatioun vun déi Lénk.
Déi Lénk schwätze vu Sabotage
De Spriecher Gary Diderich betount, dat wier net nëmme sozial ongerecht. D’Regierung géif och aktiv dat sabotéieren, wat virdru gemaach gouf, an datt et hei am Land méi a Richtung erneierbar Energië geet.
Als Kiischt um Kuch géif dann nach, ouni Transparenz, d‘Tarifikatioun änneren. Bei eng schlecht Kommunikatioun kéim e schlechte Moment dobäi:
"Do si Leit, déi elo keng Decisioun wäerten huelen, fir an dat eent oder dat anert vläicht z’investéieren, an dat ass kontraproduktiv."
Et ginn déi bestrooft, déi an erneierbar Energie investéiert hunn
D’Regierung géif net nëmmen hir eege Politik sabotéieren an de PNEC, den nationalen Energie- a Klimaplang. Si géif och riskéieren, déi ze bestrofen, déi Sue fir erneierbar Energien an de Grapp geholl hunn, sou de Virworf.
Dem Gary Diderich no misst d’Regierung elo hir Hausaufgabe maachen, well d’Stéit kéinten net fir d’Geopolitik. Dofir sollt den Energiepräisdeckel integral d’ganzt Joer 2025 verlängert ginn.