D'BBC mellt de Moien, et wieren eelef Leit verhaft ginn, dorënner véier presuméiert Täter.
D’Hannergrënn vun deem Attentat si nach net ganz kloer. D’Terrormiliz Islamesche Staat hat déi Attack revendiquéiert. Experte ginn dovunner aus, datt dat Schreiwen effektiv echt ass.
Déi russesch Haaptstad an hir Banlieue gëtt extrem iwwerwaacht, iwwert Kameraen an och Sécherheetskräften. Maskéiert a schwéier arméiert Männer waren trotzdeem an déi Ausstellungshal eragaangen an hunn do op d’Leit geschoss.
Dono ass d’Hal mat senge verschiddenen Säll a Brand geroden. Et wieren 13.000 Meterkaree, déi a Flame stoungen.
An engem vun de Concertssäll stoung eng russesch Rock-Groupe um Programme. D’Museker konnten a Sécherheet bruecht ginn. D’Leit an deem Komplex hätten awer laang gebraucht, fir kënnen eraus ze lafen.