Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
search

/ Mindestens 20 Doudeger no enger Explosioun am Iran

Beim Graf vum iranesche Generol Soleimani

Mindestens 20 Doudeger no enger Explosioun am Iran

20 Mënsche koumen ëm d’Liewen nodeems et am Iran zwou Explosiounen niewent dem Graf vun engem Generol gouf. Dosende wiere verletzt ginn esou lokal Medien.

auto_stories

1 min

Et handelt sech ëm d’Graf vum iranesche Generol Soleimani, de fréiere Kommandeur vun der Auslandseenheet vun der iranescher Revolutiounsgarde. Systemtrei Regierungsunhänger gesinn de Soleimani als Märtyrer.

Hie gouf haut viru véier Joer vun enger amerikanescher Dronenattack ëmbruecht. Haut gouf säin Doudesdag gefeiert. Déi iranesch Regierung schwätzt vun engem terroristeschen Akt.