Radioen

On air

Kultur um 5  |  Albumen, déi 2025 erauskommen...

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mindestalter fir Social Media kéint an Australie Realitéit ginn

Facebook, Instragram a Co.

Mindestalter fir Social Media kéint an Australie Realitéit ginn

An Australie solle Jonker eréischt vu 16 Joer un Zougang zu Soziale Medien ewéi Facebook, Instagram a Snapchat kréien. D‘Regierung huet gëschter um Donneschdeg een deementspriechende Gesetzesprojet am Parlament agereecht.

auto_stories

1 min

Social Media | © picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa

Dëse Gesetzesprojet kéint schonn d‘nächst Woch gestëmmt ginn. D‘Iddi gëtt och vun der Oppositioun ënnerstëtzt.

Australie wier domat dann dat éischt Land, dat e Mindestalter fir den Zougang zu de Soziale Medien aféiert.