De Josep Borrell hofft, datt et dofir am Krees vun de 27-Memberlänner Unanimitéit wäert ginn.
Israel plangt eng Offensiv an der Stad Rafah am Süde vum Küstegebitt. Do liewen den Ament iwwer eng Millioun Zivilisten, wouvun déi meescht aus aneren Deeler vun der Gazasträif geflücht sinn. Den héije Kommissär fir Mënscherechter vun der UNO huet och zu München virun der Flucht vu Palestinenser an Ägypten gewarnt. Dat wier een Desaster souwuel fir d‘Palestinenser, wéi fir Ägypten an den zukünftege Fridden.