Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E19 Mir scheiteren ëmmer nach: Daniel Balthasar an Nathalie Oberweis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Militärfliger mat ukrainesche Prisonéier erofgefall

Ukrain-Russland

Militärfliger mat ukrainesche Prisonéier erofgefall

E russesche Militärfliger mat 65 ukrainesche Krichs-Prisonéier u Bord ass an der Regioun Belgorod, un der ukrainescher Grenz, erofgefall. U Bord waren och sechs russesch Crew-Memberen an dräi Begleeder. De Gouverneur vun der Regioun huet confirméiert, datt kee Mënsch u Bord iwwerlieft hätt.

auto_stories

1 min

Et wier en Austausch vun den ukrainesche Prisonéier geplangt gewiescht. En zweete Fliger mat 80 weidere Prisonéier u Bord wier nom Incident ëmgedréint.

Déi 192 ukrainesch Prisonéier sollte géint 192 russesch Prisonéier ausgetosch ginn, heescht et vu Moskau. Kiew wier genee um Courant gewiescht iwwert déi zwee Vollen.

De President vun der Douma, dem Parlament zu Moskau huet Kiew beschëllegt, de Fliger erofgeschoss ze hunn.