Patriot-Rakéiten gëllen als besonnesch effikass bei der Ofwier vu ballisteschen Rakéiten, mat deenen Russland d‘Ukrain attackéiert. Den ukraineschen President Wolodymyr Selenskyj sot op der Plattform X Merci an huet eng séier Livraisoun gefuerdert. Et dierft net sinn, datt d‘Ukrain dës Rakéiten eréischt an e puer Joer kritt.
Zu den Alliéierten vun der Ukrain, déi sech un de Käschten vum Pariot-Ofwiersystem bedeelege wëllen, zielen Däitschland, Kanada an Norwegen.
Um Bord vum EU-Kanada-Sommet zu Monréal, dee gëschter op en Enn gaangen ass, huet Kanada annoncéiert sech mat 90 Milliarden Euro un dem EU-Pak fir d'Ukrain, bedeelegen ze wëllen.
G20 Sommet an den USA
Wat déi aktuell Tensiounen an der Regioun ugeet, ass keng Entspanung an Aussicht. Den russeschen Ausseminister Sergej Lawrow, huet um Bord vum G20 Sommet zu Atlanta, gesot et géif keng Entspanung an de Relatiounen tëschent den USA a Russland ginn.
Ufank Oktober waren den amerikaneschen President Donald Trump an säin russeschen Homologe Wladimir Putin sech driwwer eens ginn, datt Russland Diesel un d‘USA liwwert. Riets goung vun enger Direkt-Liwwerung vun 300.000 Tonnen Diesel.
En Deal deen international op schaarf Kritik gestouss war. Et sollt een sech awer keng Illusiounen maachen, sot de Sergej Lawrow – an den Relatiounen tëschent den zwou Groussmuechten géifen et keng Fortschrëtter ginn.
Keng Foto mam Sergej Lawrow
Déi traditionell Gruppefoto vun de Staats- a Regierungscheffe um G20 Sommet gouf gëschter iwwregens ofgesot, well déi europäesch Vertrieder:innen net mat dem russeschen Ausseminister fotograféiert wollte ginn.
Haut ass den zweeten Dach vum G20 – deen ouni grouss Decisiounen wäert op en Enn goen, an de meeschten Sträitthemen geet et em Russland oder China. Konkret Fortschrëtter bei de Friddensgespréicher iwwer d'Ukrain ginn sech keng erwaart.