Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
search

/ Mexiko brécht diplomatesch Bezéiunge mat Ecuador of

Wéinst Policeasaz an der Ambassade

Mexiko brécht diplomatesch Bezéiunge mat Ecuador of

Mexiko huet haut annoncéiert, datt et keng diplomatesch Relatioune méi wëllt mam Ecuador hunn. Dat well d’Police an déi mexikanesch Ambassade agedrongen ass, fir de fréieren ecuadorianesche Vizepresident Jorge Glas ze verhaften.

auto_stories

1 min

Fändel Ecuador | © picture alliance / Zoonar | Valerio Rosati
Fändel Ecuador (Foto: picture alliance / Zoonar | Valerio Rosati)

De Jorge Glas war an d’Ambassade geflücht an hat do Asyl vu Mexiko accordéiert kritt.

Den Ecuador hat doropshin déi Decisioun kritiséiert, well se géint international Accorde géif verstoussen. Dem fréiere Vizepresident gouf Korruptioun virgeworf.